Ech ginn op d’Rees an huele mäi Rucksak mat.
A mäi Rucksak paken ech:
eng Weltkaart
eng Weltkaart an eng Schwammkap.
eng Weltkaart, eng Schwammkap an eng Melodie.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie an eng kleng Dous Luussegkeet.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet an en ängschtlecht Blënzelen.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet, en ängschtlecht Blënzelen an eng fest Ëmäerbelung.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet, en ängschtlecht Blënzelen, eng fest Ëmäerbelung an ee „Weess-de-nach?“.
No enger spannender éischter Rees duerch Nordamerika, d’Tierkei an de Kongo huet d’Betsy sech nees op de Wee gemaach, fir nei Geschichten uechter d’Welt ze sammelen. D’Nataša huet sech säin Akkordeon op de Réck gelueden an huet sech mat him zesummen op de Wee gemaach. Vill Stonne laang hu si nogelauschtert, ausgetosch, musizéiert a gesongen, si si getrëppelt a geflunn a geschwomm… an elo si si nees doheem an hunn nees e ganze Rucksak voller Geschichten dobäi, deene si ënnerwee begéint sinn… ënnerwee zu zwee.
Fir déi, déi dem Betsy an Nataša hier nei Geschichten d’läscht Saison verpasst hunn, ass dëst d’Geleeënheet si nach emol zesummen op der Bün ze gesinn.