Et wor eemol… well esou fänken all Märercher un… e Kuerf. Jo, e Kuerf aus dënnen Holzrutte geflecht a mat ganz vill Plaz bannendran. Plaz fir Geschichten déi en op senge Reesen duerch d’ganz Welt gesammelt huet.
Op dëser CD héiert Dir fënnef schéin, schlëmm, witzeg, traureg, laang oder kuerz Geschichten aus dem Kuerf, mat Zwergen, Mënschefrësser, Kinneken a Prinzessinnen, begleet vun Cello a Vibraphon.
D’Geschichten aus der Trilogie E Kuerf voller Geschichten, déi Rotondes säit 2010 zesumme mam Betsy Dentzer realiséiert huet, si mëttlerweil iwwer honnert Mol op klengen a grousse Bühnen uechtert d’Land erzielt ginn, a kënnen elo och an all Kannerzëmmer gelauschtert ginn.