Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Säit méi wéi engem Joer si mer lo amgaang op Distanz mateneen ze kommunizéieren. D’Grousseltere kréien iwwer den Handyecran gewisen, wéieen Zand bei hieren Enkel:inne grad wackelt, Koppelen tauschen Zäertlechkeete per Emojis aus an d’Sexpodcast-Team hëllt d’Follegen aus dräi verschiddene Länner op. Dee Sécherheetsofstand war néideg fir openeen opzepassen. Mä sou lues e bësse méi Proximitéit zouloossen ass och gesond. Jo souguer iwwerliewenswichteg.
Dofir luet d’Equipe vu Méi wéi Sex iech de 26. Juni an d’Rotonden an. Do kritt dir net nëmmen d’Gesiichter zu de Stëmmen ze gesinn, mä kënnt och un spannende Workshops deel huelen. Ausserdeem dierft dir dobäi sinn a matschwätzen, wann di läscht Folleg vun der 3. Staffel mam Titel „Ouergasmus Live” opgeholl gëtt. Mir freeën eis drop, dass mer endlech rëm openeen zougoe kënnen. Dir och?