Panier
Favoris
À partir de 14 ans

Conférence D’Geschicht vum Kanner- a Jugendtheater zu Lëtzebuerg, Deel 1

Kulturgeschicht Lëtzebuerg
© Photo 1: DR / Photos 2 & 3 © Paulo Lobo

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Säit 2018 organiséiert den Institut de langue et de littératures luxembourgeoises vun der Universitéit Lëtzebuerg, an enker Zesummenaarbecht mat de kulturellen Institutiounen, eng Rei Konferenzen zu der Lëtzebuerger Kulturgeschicht vum 19. Joerhonnert bis an d’Géigewaart. D’Rotondes huele fir d’4. Kéier deel, mat zwou Konferenzen zum Theema Kanner- a Jugendtheater.

Op d’mannst 200 Joer gëtt zu Lëtzebuerg Theater fir, vun a mat Kanner a Jonke gespillt. Engagéiert Schoulpersonal a Kiercheleit hu Wiichtelcher, Chrëschtspiller, Märercher an Niklosgeschichte lieweg gi gelooss. Spéider hu SchrëftstellerInnen, Ensembelen an Theaterhaiser eege Stécker op d’Bünen uechtert d’Land bei Jugend- a Studentenorganisatiounen, bei Veräiner an a Schoule bruecht. Dorëms geet et an der éischter Konferenz, déi vum Christiane Kremer moderéiert gëtt. Si presentéiert och déi 2. Konferenz, déi weist, wéi nei Kulturinstitutiounen an d’Programmatioun vu Lëtzebuerg Kulturhaaptstad 2007“ de Kannera Jugendtheater am 21. Joerhonnert professionaliséiert hunn. 

An dat passt! Well, fir et mam Guy Rewenig sengem Theaterstéck vun 1976 ze soen: Kanner sinn och Leit“.