Cart
Favourites

Concert / Alternative & Hip hop Nicool – N vun der Welt EP Release Party

Support acts: V.I.C, Dany Le Loup, Momma Merlin, DJ FKI

Sorry, there’s no English version of this text.

N‑dlech geet et weider — d’Nicool an De Läbbel verëffentlechen de 14.10 eng nei EP, mam Numm N vun der Welt. Firwat N vun der Welt? Geet d’Welt ënner am Klimawandel, Krich an ze deiere Sandwicher déi d’Nicool sech ob der Gare keeft wann et alt rëm net fäerdeg bruecht huet sech eppes vun doheem matzehuele fir op d’Schaff? Jo och. 

MÄ et geet em méi, d’Nicool fënnt dass den N vun der Welt ëmmer rëm kennt, den N vun der Welt wéi d’Nicool e kennt, jo Saachen änneren sech. Schlëmm? Nee, ebe grad net, well d’Nicool d’Musek huet, packt hat et ëmmer rëm derduerch.

Fir dësen Owend huet hat de Verfechter vun der Réimkickkonscht V.I.C, de Wollef a.k.a. Dany Le Loup, mat sengem bestialesche Flows an d’Newcomerin, déi néi Lieblings-Rapperin vun denger Mamm, d’Momma Merlin, invitéiert. 

Zousätzlech dozou, kënnt och nach den DJ FKI straight aus Däitschland, fir alles mat engem fäinen After-Set auskléngen ze loossen. Een Owend voller Iwwerraschungen, deen eis duerch dem Nicool säi Wee hellt, ugefaangen um Canapé 2017 bis elo an d’Rotondes 2023, dat däerf een net verpassen!