Mir ginn op d’Rees a mir huelen eise Rucksak mat. An eis Rucksäck pake mir:
En Akkordeon.
En Akkordeon an eng Maus.
En Akkordeon, eng Maus an eng riseg Fieder.
En Akkordeon, eng Maus, eng riseg Fieder an en Eemer.
En Akkordeon, eng Maus, eng riseg Fieder, en Eemer an e gëllene Rank.
En Akkordeon, eng Maus, eng riseg Fieder, en Eemer e gëllene Rank an en Ouerwuerm.
Mir zéien uechter d’Länner, mir lafen dir duerch de Kapp, fueren dir an d’Been, an d’Oueren an an de Bauch, erzielen dir nei Melodien a spillen der onbekannte Wierder. Géi mat u Bord, klamm mat an de Fliger, stréck deng Schong gutt fest, well: et ass ee wäite Wee ronderëm d’Welt…mee e lount sech!