Lauschtert d'Sendung live um Radio ARA um 102.9 oder 105.2 (oder online iwwer www.ara.lu/listen) oder no der Iwwerdroung iwwer de Podcast Site vum Radio ARA.
LU Radio Rotondes ass eng Emissioun iwwert Kultur, Kreativitéit an de Bouneweger Quartier presentéiert vun de Rotonden um Radio ARA. All Mount bidde mir dir en diverse Programm un, ënner anerem:
- Perséinlech Geschichten, Inspiratiounen an Erfarunge vu Kultur;
- Walk & Talks duerch de Bouneweger Quartier mat nationalen an internationale Kënschtler;
- Een Abléck a lokal an national kreativ Projeten, Organisatiounen an Initiativen;
- Kaffiskränzercher mat der Equipe vun de Rotonden;
- E mix vu Musek fir all Museksfans.
Fir dës véiert Emissioun hu mir e Mix vu Leit an Initiativen hannert dem Mikro, ënner anerem:
- Déi franseisch co-directrice artistique, metteure en scène an interprète Karine Birgé
- D’Anne-Claire Delval, d’Responsable Press vum Ouni
- Den Direkter Georges Kieffer vum Benu Village Esch
- Den Cluster Manager Marc Lis vum Luxembourg Creative Industries Cluster
- An och d'Keti Dimitrova, assistante de production arts de la scène bei éis an den Rotonden
Zesumme mam Radio ARA
Déi nächsten Datumer fir dës Saison sinn:
Dënschdeg den 10.12.19 >18:30-20:00
Dënschdeg den 14.01.20 >18:30-20:00
Dënschdeg den 11.02.20 >18:30-20:00
Dënschdeg den 10.03.20 >18:30-20:00
Dënschdeg den 14.04.20 >18:30-20:00
Dënschdeg den 12.05.20 >18:30-20:00
Dënschdeg den 09.06.20 >18:30-20:00
No der Iwwerdroung fënns du och eis « show notes » (een Abléck hannert d’Kulissen, mat méi Informatiounen zu den Invitéen) op:
- Dem Podcast Site vum Radio ARA
- Eiser Facebook Säit
Branchez-vous à la radio en direct du PICelectroNIC 2014 / Schalten Sie das PICelectroNIC-Live-Radio ein
Sam/Sa 25.10.14, 14:00 - 19:00
Dim/So 26.10.14, 14:00 - 19:00