CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCÈNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHÉS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
CONGÉS ANNULÉS

Vun der Long op d'Zong

De Radio 100,7 iwwerdréit live vun de congés annulés

Invité: Serge Tonnar
Méi 10.8.15 / 19:00
Radiosemissioun mat live Performance
Dauer
60'

Uert: Buvette

De Public ass häerzlech wëllkomm.

LU Zanter 1997 ass de Serge Tonnar fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder (virun allem mat senger Band Legotrip) a vu Film- an Theatermuseken. Doderniëwent schafft e geleegentlech am Theater als Schauspiller an Auteur.

All seng Aktivitéiten huët en als Autodidakt erléiert, och wann en der Meenung ass, dass et dat guer net gëtt. E gesäit seng Beruffer éischter als eng permanent Léier mat ëmmer neie Léiermeeschteren.

Hien ass Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musekalesch Projeten.

Org.: Rotondes, an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7

Vun der Long op d'Zong
© Jeanine Unsen

Vun der Long op d'Zong

Vun der Long op d'Zong ass eng nei Emissioun vum Radio 100,7 déI sech mat onkonventioneller an/oder engagéierter Musek a lëtzebuergescher Sprooch befaasst. Si gëtt all Méindeg während de congés annulés, vun 19 bis 20 Auer live aus der Buvette iwwerdroen, mam Schwéierpunkt op akusteschen Optrëtter vun den invitéierte Kënschtlerinnen a Kënschtler. 

Frequenz: 100,7 MHz