CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCÈNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHÉS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
CONGÉS ANNULÉS

Vun der Long op d'Zong

De Radio 100,7 iwwerdréit live vun de congés annulés

Invité: Corbi
Méi 17.8.15 / 19:00
Radiosemissioun mat live Performance
Dauer
60'

Uert: Buvette

De Public ass häerzlech wëllkomm.

LU Corbi (de Kueb) Grënnungsmember vun der Formatioun De Läb, presentéiert e Set aus sengem Soloprogramm, ënnerstëtzt gëtt hien un den Decks vum DJ Nikkel K. Lëtzebuerger Boom-Bap Hip Hop am klassesche Format (1mcee an 2 turntables). Et muss ee mëttlerweil keen Hellseher sinn, fir ze wëssen dat de Kueb, eng grouss Experienz mat sech bréngt, dee Borscht huet schonn all méiglech Bühn am Land geklappt an et wäerten der nach puer kommen, well d'Bühn ass säin Doheem. 
De 6. Mäerz 2015 war et dann och souwäit, d'Gebuertsstonn vu sengem 1. Solo-Album De Gëllene Stull huet geschloen. No enger gelongener Releaseparty an der Rockhal, mëscht säin 1. Meeschterwierk sech lo ënnert Vollek.
Jiddefalls maacht Iech gefaasst, wat de zolweraner Rhymeroboter an Zukunft nach bréngt, well dee wäert nach soubal net vun der Bildfläch verschwannen. Onkraut vergeet ni!

Org.: Rotondes, an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7

Vun der Long op d'Zong
© Zenari

Vun der Long op d'Zong

Vun der Long op d'Zong ass eng nei Emissioun vum Radio 100,7 déI sech mat onkonventioneller an/oder engagéierter Musek a lëtzebuergescher Sprooch befaasst. Si gëtt all Méindeg während de congés annulés, vun 19 bis 20 Auer live aus der Buvette iwwerdroen, mam Schwéierpunkt op akusteschen Optrëtter vun den invitéierte Kënschtlerinnen a Kënschtler. 

Frequenz: 100,7 MHz