CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCÈNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHÉS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
ROUTWÄISSGRO

routwäissgro

Public viewing - Season 2

Son 19.3.17 / 18:30
Série
Dauer
2 x 30'
Sprache
versions originales sous-titrées en français

18:30 : "Di richteg Carrière?" / « Le bon choix ? » vum / de Michel Tereba

19:00 : "Doheem" / « Chez moi » vum / de Linda Blaschette

LU Public viewing a Präsenz vun den Équipen an de Protagonisten vun den zwou Episoden. Den Entrée ass fräi. Ab 18:00.

FR Public viewing en présence des équipes et des protagonistes des deux épisodes. Entrée libre et gratuite à partir de 18:00. 

Lieu: Klub (Rotonde 2)

LU "Di richteg Carrière?"

Realisatioun: Michel Tereba

De Stéphane huet sech vu sengem Beruff als Affekot eng Auszäit geholl. Nodeem hie sech fir säi Beruff opgeopfert huet, kuckt hien lo mol no sech, mecht Sport an trefft Kollegen. Alles huet sech fir hien a Fro gestallt, souguer seng Carrière. Mee den Drang no sozialem a finanziellem Erfolleg ass omnipräsent a sengem Liewen, a spigelt sech duerch seng Fräizäitaktivitéiten bis an den Ëmgang mat senger Duechter erëm. Hie wëll des Kéier de richtege Choix treffen: säi geléierte Beruff un den Nol hänken oder nees zeréck an eng Étude. Wat ass fir hien di richteg Carrière?

“Doheem”

Realisatioun: Linda Blaschette

Den George ass 60 a Kanadier. Zanter méi wei 30 Joer ass hien zu Lëtzebuerg. Hie lieft op der Strooss. Seng Leidenschaft fir Fotografie, a säi staarke Glawen, hëllefen him duerch déi net ëmmer einfach Zäiten. No laangem Waarden kritt den George endlech d’Chance op eng eege Wunneng, eng Ëmstellung un déi hie sech mol gewinne muss….

FR « Le bon choix ? »

Réalisation : Michel Tereba

Après s’être démené dans son travail en tant qu’avocat, Stéphane s’octroie une période sabbatique. Il passe du temps à faire du sport et rencontrer des amis. Tout a été remis en question, même sa carrière. Cependant son besoin de succès matériel et social se fait sentir jusque dans ses loisirs et sa relation à sa petite fille. Cette fois-ci il veut faire le bon choix: arrêter complètement son métier d’avocat ou retourner dans une étude. Quelle sera pour lui la bonne voie?

 

« Chez moi »

Réalisation : Linda Blaschette

George est Canadien. Il a 60 ans et vit au Luxembourg depuis plus de trente ans. Les dernières années, il a vécu dans la rue. Sa passion pour la photographie et sa foi chrétienne l’aident à passer les moments les plus difficiles. Après une longue attente, on lui propose enfin un logement à lui. Un bouleversement dans sa vie quotidienne à laquelle il doit encore s'habituer.

Production: Calach Films

routwäissgro
Di richteg Carrière? / Le bon choix?
routwäissgro
Doheem / Chez moi
    Linda Blaschette
    Michel Tereba

    routwäissgro

    Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d’Liewe vun där Persoun - seng Dreem a seng Konflikter - an an d’Communautéit an där hie lieft. routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancen vu Lëtzebuerg a senge Leit. routwäissgro ass déi éischten Doku-Serie zu Lëtzebuerg.

    Si gëtt säit 2015 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestrahlt. D'Rotonde lueden iech an déi eenzel Episoden op engem Public Viewing live ze entdecken a sech duerno mat de Realisateuren a Realisatricen auszetauschen.

    Realiseiert vun : Rui Eduardo Abreu, Tom Alesch, Thierry Besseling, Eric Lamhène, Jacques Molitor, Anne Schiltz, Kim Schneider, Jean-Louis Schuller, Laura Schroeder, Loïc Tanson, Michel Tereba, Yann Tonnar, Govinda van Maele, Ayshea Halliwell, Max Jacoby, Claude Lahr, Catherine Richard a Julie Schroell