CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCÈNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHÉS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
SOCIOCULTUREL > HUNGRY PLANET

Hungry Planet: Kee Land a Siicht?

Fehlt et der Landwirtschaft künfteg u Land?

Mët 15.11.17 / 18:30
films, tables rondes, soirées culinaires / Filme, Gesprächsrunden, kulinarische Abende

* Memberen Slow Food & Fairtrade: 15€ / Net-Memberen: 20€

Obligatoresch Reservatioun virun e Méindeg, 13.11.2017

Lieu : Plateforme (Rotonde 1)

LU Am Kader vun der Serie «Synergies» an de ROTONDES organiséiere SLOW FOOD Luxembourg a FAIRTRADE Lëtzebuerg säit iwwer 50 Editiounen HUNGRY PLANET Owender. 

De Rush op Bauterrainen

Bei Wuesstumsraten vun 3 bis 5% ass et kloer, datt de Rush op Bauterrainën weider unhale wärt. Wéi geseit déi next Editioun vun de plans sectoriels aus: bleift do e Gleichgewiicht tëschent Wunn-, Aktivitéits- a Landschaftszonen oder gin Natur- a landwirtschaftlech Flächen weider ugeknabbert?

Schrumpfen landwirtschaftlech Flächen?

Ob d’plans sectoriels verännert gin an déi kommend kommunal PAG erweidert gin oder net, den Drock opp landwirtschaftlech Flächen bleift erhalen. Wéi steet et mat de landwirtschaftleche Flächen? Wärten sech jonk Baueren, déi nët op de Familjebetriib zréckgreife kënnen, nach Agrarland leeschte kënnen?

Wat kann een op politeschem Niveau machen?

D’Land ass eng Wuer um freie Marché gin. Kann d’öffentlech Hand eppes géint d’Schrumpfen vun der Landwirtschaft maachen, bei Wuesstemsraten vu Wirtschaft a Wunnen vun 4%? Hun bestehend an nei Betriiber nach eng Chance, genuch Fläche fir hir Aktivitéiten zur Verfügung ze hun? Kënne mir ons iwwerhapt selwer versuergen a wéi steet et mat enger besserer Selbstversuergung am Geméiss-Secteur? 

Témoignagen 

  • E betraffenen jonke Bauer/Bäuerin: Témoignagen, wéi schwéier et ass, en neie Betribb ze grënnen, de bestehenden auszebauen oder ze stabiliséieren
  • Vertriederinnen vun Terra, déi d’Chance haten, en Terrain zur Verfügung gestallt ze kréien

 

Politesch Perspektiven a Visiounen

  • Camille Gira, Staatssekretär am Nohaltegkeetsministär: am Kader vun de plans sectoriels, wéi kann eng familial Landwirtschaft zu Lëtzebuerg mëttel- a langfristeg erhale bleiwen,
  • Fernand Etgen: wéi kann d’Politik agräifen, datt d’Agrarland accesssibel a bezuelbar bleift oder je no Region erem gët,
  • Jean Stoll, Ingénieur agronome, Member am Nohaltegkeetsrot: hien wäert dat Ganzt an de Kader vun den Objektiver vun der Rifkin-Strategie setzen.
  • Moderatioun: Robert Garcia (Slow Food Lëtzebuerg)

 

Faire Buffet vu Lëtzebuerger Feld A Wiss

Nach ass de Lëtzebuerger Terroir net verlueren a verbaut. Dofir bitt den Haustraiteur Steffen een authentesche Buffet aus der Regioun. Uschléissend  Diskussioun am Kader vun der Plattform an dem Bar an der Rotonde 1.

Slow Food Luxembourg & Fairtrade Lëtzebuerg, en collaboration avec les Rotondes

Hungry Planet: Kee Land a Siicht?

Save the date

Mer 14.02.18 >18:30

Mer 14.03.18 >18:30

Mer 11.04.18 >18:30

Mer 16.05.18 >18:30