CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCÈNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHÉS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
ARTS VISUELS

Generate Art - Photo edition

d’Ausstellung matt den Finalisten vun GENERATION ART

mam Bruno Oliveira, Yannick Schroeger a Roxanne Peguet
8.4.17 - 20.4.17
Fotoausstellung

Lieu: Galerie (Rotonde 1)

Vernissage + Finale: Sa 08.04.17, 19:00

Öffnungszäiten:

So 09.04.17, 15:00 – 19:00

Më 12.04.17, 15:00 – 19:00

Do 13.04.17, 15:00 – 19:00

Fr 14.04.17, 15:00 – 19:00

Më 19.04.17, 15:00 – 19:00

Do 20.04.17, 15:00 – 21:00

LU Déi 3. Saison vun Generation Art stung dës Kéier ganz am Zeeche vun der Fotografie. Am Ufank waren 12 Kandidate am Rennen. All Woch kruuten si e kreativen Challenge an haaten dann 2 Deeg fir déi perfekte Foto ofzeliwweren.

Bewäert goufen si vun enger professioneller Jury: d’Marita Ruiter (Galeristin), d’Daniela Del Fabbro (CNA) an den Didier Damiani (Konschtkritiker) ma och vun engem Lëtzebuerger Fotograf deen all Woch d’Jury komplettéiere koum. Um Enn vun all Challenge misst dann ee Fotograf d’Aventure verloossen.

Um Enn sinn 3 Finalisten zréckbehaale ginn: de Bruno Oliveira, de Yannick Schroeger an d'Roxanne Peguet. Soumat hunn di 3 eng grouss Ausstellung an de Rotondes gewonnen. 

De Vernissage an d'Finale sinn de Samschdeg 8. Abrëll an deen Dag decidéiert d'Jury och wien de grousse Gewënner vun Generation Art gëtt an domat en Präisgeld gewënnt.

Koproduktioun: RTL + Rotondes

Generate Art - Photo edition
Bruno Oliveira
Yannick Schroeger
Roxanne Peguet

    D'Finalisten

    Bruno Oliveira

    De Bruno (23) ass Educateur, en Job deen hien verlooss huet, no senger éischter Participatioun bei Generation Art 2014. Et ass nämlech an der Emissioun, datt hien réaliséiert huet, datt e wéilt senger Passioun fir d’Fotografie nogoen. Et goung dunn zréck op d’Universitéit fir hien, op Bréissel, op der ENSAV La Cambre wou e mëttlerweil schonn a sengem zweete Joer ass. Fir de Bruno ass d’Fotografie eng universell Sprooch, eng manéier fir Geschichten op eng poetesch Art a Weis ze zielen. De Mënsch spillt eng grouss Roll a senger Fotografie, net fir näischt spezialiséiert hien sech gären op Dokumentar- a Reportage-Fotografie. Eng zweete Kéier bei Generation Art mat maachen, wor fir hien e grousse Wonsch an eng eemoleg Chance fir de Lëtzebuerger ze weisen wéivill méi hien als Fotograf ze bidden huet

    Yannick Schroeger

    De Yannick (20) ass amfong duerch d’Molerei un d’Fotografie komm. Zanter Jore schonn huet hien eng grouss Passioun fir realistesch Zeechnungen déi en unhand vu Fotoe mécht. Mat senge Biller erzielt hien Geschichten déi Charakter a Stäerkt hunn. Säin Univers: schwaarz-wäiss Fotografie a staark Messagen. Hien wëll mat senger Fotografie intrigéieren, schockéieren, Tabue briechen. E jonken, kreative Kënschtler, dee vu sech schwätzen doe wëll!

    Roxanne Peguet

    D’Roxanne (25) huet ganz jonk mat der Molerei ugefaangen iert datt et mat 13, fir sech, eng nei Konscht-Forme entdeckt huet: D’Fotografie. Seng Fotoen zeechnen sech vrun allem duerch Momentopnamen. Eng Mikrosekonn festhalen ze kënne fir d’Éiwegkeet ass dat wat hat esou faszinéiert. No der Fotografie huet et dunn de Wee vum Film ageschloen. Haut schafft et och aktiv am Filmberäich hei zu Lëtzebuerg, ma hat de Wonsch och nees emol e Fotoapparat an de Grapp ze huelen, nom Motto “Back to the Roots”. Dat war dann och seng Motivatioun fir bei Generation Art mat ze maachen.

    facebook.com/roakhzan