CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCèNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHéS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
AUDIO CD

E Kuerf voller Geschichten

mam Betsy Dentzer (Erzielung), Lisa Berg (Cello), Luc Hemmer (Vibraphon)

Sprooch: op Lëtzebuergesch
Dauer: 77’23
Tounformat: Stereo 2.0

D'Geschichten aus dem Kuerf:
D’Schnéiwäisschen an d'Rouserout
Den Zaldot an den Däiwel
Den Hänschen Holzschongschnëtzer
De Jacques an d’Bouneplanz
D’Mäerche vum dommen Tun

LU Et wor eemol... well esou fänken all Märercher un… e Kuerf. Jo, e Kuerf aus dënnen Holzrutte geflecht a mat ganz vill Plaz bannendran. Plaz fir Geschichten déi en op senge Reesen duerch d’ganz Welt gesammelt huet.
Op dëser CD héiert Dir fënnef schéin, schlëmm, witzeg, traureg, laang oder kuerz Geschichten aus dem Kuerf, mat Zwergen, Mënschefrësser, Kinneken a Prinzessinnen, begleet vun Cello a Vibraphon.
D’Geschichten aus der Trilogie “E Kuerf voller Geschichten”, déi Rotondes säit 2010 zesumme mam Betsy Dentzer realiséiert huet, si mëttlerweil iwwer honnert Mol op klengen a grousse Bühnen uechtert d’Land erzielt ginn, a kënnen elo och an all Kannerzëmmer gelauschtert ginn.

Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer | Cello: Lisa Berg | Vibraphon: Luc Hemmer | Produktioun: Rotondes | Opnahm a Postproduktioun: Claude Pauly | Grafik: Laurent Daubach Designbureau | D'Texter goufen ausgewielt, verschafft an op lëtzebuergesch iwwersat vum Betsy Dentzer. | Merci dem Christiane Kremer fir seng Begleedung. | Mat der Ënnerstëtzung vum Mediepartner RTL.

E Kuerf voller Geschichten
E Kuerf voller Geschichten
E Kuerf voller Geschichten
E Kuerf voller Geschichten

    Bestellung

    Dir kënnt d’CD “E Kuerf voller Geschichten”, direkt iwwer desen Link online bestellen : CD-Bestellung

    Präis : 15€

    Maximal 4 CD'en pro Bestellung

    Ofhuelen / Liwwerung :
    D'Bestellung kann an der Buvette vun de Rotonden ofgeholl (Mé, Dë, Më, Do, Sa: 11:00 – 01:00 / Fr: 11:00 – 03:00 / So: 10:00 – 01:00) oder  per Post un Iech verschéckt gin (Supplément vun 2€ pro Bestellung).

    Contact

    tickets[at]rotondes.lu / +352 2662 2030

    Bonustrack

    Eng Geschicht (D'Wiichtelcher) ka gratis ob dëser Säit gelauschtert an erofgeluede ginn : rotondes.lu/agenda/details/event/bonustrack-dwiichtelcher-1/

    D’Schnéiwäisschen an d'Rouserout

    E Mäerche vun de Bridder Grimm / Musek: Vibraphon

    Eng Mamm an hir zwee Meedercher, d’Schnéiwäisschen an d’Rouserout, wunnen an engem klengen Häische matten am Bësch. Enges Owes kënnt e grousse Bier un hir Dier klappe fir kënne bei hinnen z'iwwernuechten. Hie verbréngt all Nuecht bei hinnen am Haus, bis zum Dag wou hien dem Schnéiwäisschen an dem Rouserout säi Geheimnis verréit.

    Den Zaldot an den Däiwel

    E Volleksmäerchen aus Éisterräich / Musek: Cello

    En Zaldot deen nom Krich keng Aarbecht fënnt, mëcht e Pakt mam Däiwel. Vum Däiwel kritt en e Sak mat Sue geschenkt, en däerf sech allerdéngs während siwe Joer d’Hoer an d’Neel net schneiden a sech och net wäschen.

    Den Hänschen Holzschongschnëtzer

    E Volleksmäerchen aus Lothringen / Musek: Vibraphon

    Dem Kinnik seng Duechter ass schwéier krank, an dat eenzegt wat hat kéint gesond maache wier e Kuerf voller Kiischten. Mir sinn awer am Wanter, an am Wanter ginn et keng Kiischten, ausser beim Hänschen am Gaart. De Kinnik fléift him senger Duechter Kiischten ze bréngen. Soll hat geheelt ginn, da kritt den Hänschen d’Prinzessin als Fra. Mä, den Hänschen huet nëmmen eent gären: seng Nopesch, d’Gréidel.

      De Jacques an d’Bouneplanz

      En englescht Mäerchen, no der Nidderschrëft vum Joseph Jacobs / Musek: Cello

      De Jacques tauscht seng Kou géint fënnef magesch Bounen, déi iwwert d’Nuecht zu Bouneplanze wuessen, déi bis an den Himmel reechen. Enges moies klëmmt hien eng vun de Bouneplanzen erop an entdeckt iwwert de Wolleken e Risenhaus. Do wunnt eng Fra mat hirem Mann, engem Mënschefrësser.

        D’Mäerche vum dommen Tun

        E Mäerchen aus Éisterräich, fräi nom Volleksmäerchen "Das Märchen von der dummen Urschel" / Musek: Cello

        E Bauer schéckt seng dräi Jongen, den agebilte Jos, de lidderege Frunnes an den dommen Tun, een nom aneren op de Bierg fir op seng Kéi opzepassen. Allen dräi begéinen op hirem Wee enger aler Fra déi no Hëllef freet. Den dommen Tun ass awer deen eenzegen deen hir hëlleft.

        D’Betsy Dentzer huet zu Berlin e Master of Arts an der Theaterpädagogik a gläichzäiteg eng Ausbildung am Geschichtenerziele gemaach. Säit Januar 2011 schafft si zu Lëtzebuerg als fräiberufflech Theaterpädagogin an Erzielerin. Si bitt Theaterprojeten, Workshops, Erzielstonnen an Theaterproduktiounen un. Hier Aarbecht riicht sech souwuel u Kanner a Jugendlecher wéi och un Erwuessener.

        D’Lëtzebuerger Cellistin Lisa Berg huet hir Studien am Conservatoire vum Norden, am Stater Conservatoire an am Conservatoire zu Maastricht gemaach. Si trëtt op als Orchestermusekerin, als Solistin a Kammermusekerin an dacks a ganz verschiddenen net-klassesche Formatiounen. Si enseignéiert säit 2001 an der Réidener Museksschoul.

        De Luc Hemmer huet 2004 am Escher Conservatoire säin 1. Präis an der Perkussioun an an der Kammermusek gemaach. Säit 2009 féiert hie säi Studium an der „Hochschule für Musik Saar“ am Studieberäich „Bachelor künstlerisch-pädagogisches Profil“ weider. Hien ass säit 2008 Chargé de Cours fir klassesch Perkussioun an der Diddelenger Museksschoul.