CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCÈNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHÉS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
SOCIOCULTUREL > HUNGRY PLANET

D’Zukunft séien!

Geséims aus dem Kraizschouschteschgaart

Mët 11.4.18 / 18:30
Soirée Hungry Planet

* Membres Slow Food, Fairtrade et SOS Faim : 15 € / Non-membres : 20€

Lieu: Plateforme (Rotonde 1)

Réservation obligatoire jusqu’au dimanche 08.04.18 inclus. Aucune réservation possible après cette date.

LU Am Kader vun de Synergies vun de Rotonden organiséieren SLOW FOOD Lëtzebuerg, FAIRTRADE Lëtzebuerg an SOS Faim säit 2008 Soiréën mam Titel  HUNGRY PLANET. Déi next geet un d’Wuerzelen vun der Agrarkris.

Geséims als Geschäft

Wien Slow Food oder Fair Trade oder SOS Honger seet, muss och bis un den Ursprung vun der Ernährung denken. Wann ee weess, datt e puer Konzerner d’Hand op d’Biodiversitéit vum Saatgut halen, datt déi Konzerner mat der Gentechnologie an der Agrarindustrie verflecht sin an esou d’Baueren an der ganzer Welt ëmmer méi zu hire Sklave machen, dann ass den Opbbau vun Alternativen an der Landwirtschaft, déi schonn beim Soom ufenken, méi wéi lieweswichteg.

Back to the seeds

Och zu Lëtzebuerg ass d’Problembewosstsäin an de leschte Jor gewuess. Zwar bauen ëmmer manner Leit, besonnesch am urbane Raum, hirt eegent Geméiss un, mä déi, di et machen, versichen ëmmer méi  op al an lokal Zorten zréckzegräifen.

An sengem Gaart mat de villen «sch» setzt sech de Steve Schwartz fir d’Erhalung an d’Weiderféierung vun der Biodiversitéit an, e.a. duerch Selektioun, Weiderentwécklung, Archivéierung an Diffusioun vu Geséims aus der Vielfalt vun Notzplanzen.

Aus dem Kraizschouschteschgaart

De Steve Schwartz wärt eis e flotte Viirtrag iwwert d’Objektiver an d’Aktivitéiten vun sengem Biodiversitéitsparadäiss halen. Iwwer 600 Zorten ginn hei archivéiert, all Jor gin ca 100 Zorten no biologesche Kritären ugebaut a vermehrt.Ënnermauert gët säi Virtrag mat engem kuerze Film aus der Soomgewannungspraxis. Hie bréngt och eng Auswiel vu Geséims mat, sou datt der direkt den Dag dono mam Ausséie kënnt ufenken (Virtrag op Lëtzebuergesch, Diskussioun méisprocheg méiglech).

Discussioun an der konvivialer Atmosphär vun der Plattform an dem Bar vun der Rotonde 1.

Org. SLOW FOOD Lëtzebuerg, FAIRTRADE Lëtzebuerg & SOS Faim

D’Zukunft séien!

Menu Freijorsgeméiser a Reschter aus dem Wanter

Den Haus-Traiteur Steffen Traiteur proposéiert e Menu mat éischten Freijorszaloten a -geméiser, a wann dat nach net genuch ass, kann en jo nom Prinzip „Taste the waste“ nach Geméiser aus der Hierscht-Wanter-Produktioun notzen. Iwwerraschung: vläit sin och e puer aussergewéinlech Geméiser vum Steve Schwartz dobäi….

- salade de fèves aux oignons blancs 

- salade de poireaux encore croquants, espuma de cresson

- œuf parfait (cuit à 64°), purée de carottes et tombée d’épinard

- velouté de panais et son espuma de Lisanto

- compotée de rhubarbe avec son crumble d'amandes- tartelette au citron meringuée