Tounformat: Stereo 2.0
LU Muel, Millen, muel,
Millen, dréi dech,
Millen, muel…
Viru laanger laanger Zäit, souz eng Famill iergendwou an Norwegen an hirem klengen Haischen an hat näischt z’iessen. Do huet de Mann sech op de Wee gemaach, eraus a Schnéi a Wand, fir säi räiche Brudder no enger Klengegkeet fir z’iessen ze froen. Op sengem Wee duerch de Bësch ass en awer beim Däiwel an der Hell gelant a koum do bei eng Zaubermillen… eng Zaubermillen, déi säi Liewe verännert huet.
Wierder, Zeechnungen a Musik loossen dës Zaubermillen dréinen, muelen an dréinen a muelen… mä wéi kréie mer se dozou, nees opzehalen?!
Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer | Zeechnung a Grafik: Florence Weiser | Musek: Florence Kraus | Produktioun: Rotondes | Opnahm a Postproduktioun: Mayfex | D’Geschicht gouf ausgewielt, verschafft an op Lëtzebuergesch iwwersat vum Betsy Dentzer. | Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Stad Lëtzebuerg an dem Mediepartner RTL.
Dir kënnt d'D'Zaubermillen-CD direkt iwwer desen Link online bestellen : CD-Bestellung
Präis : 17€
Maximal 4 CD'en pro Bestellung
Ofhuelen / Liwwerung :
D'Bestellung kann an der Buvette vun de Rotondes ofgeholl (Mé, Dë, Më, Do, Sa: 11:00 – 01:00 / Fr: 11:00 – 03:00 / So: 10:00 – 01:00) oder per Post un Iech verschéckt gin (Supplément vun 2€ pro Bestellung).
Fir sëcher ze sinn dass Dir d'CD nach viru Chrëschtdag geschéckt kritt, rode mir Iech un se spéitstens bis Freiden, den 16. Dezember ze bestellen.
tickets[at]rotondes.lu / +352 26 62 20 30
Branchez-vous à la radio en direct du PICelectroNIC 2014 / Schalten Sie das PICelectroNIC-Live-Radio ein
Sam/Sa 25.10.14, 14:00 - 19:00
Dim/So 26.10.14, 14:00 - 19:00