CarréRotondes
MUSIQUE
CarréRotondes
ARTS DE LA SCÈNE
CarréRotondes
ARTS VISUELS
CarréRotondes
CIRQUE
CarréRotondes
WORKSHOPS
CarréRotondes
SOCIOCULTUREL
CarréRotondes
MARCHÉS
Les Rotondes proposent des manifestations dans les domaines des arts de la scène, des musiques actuelles et des arts visuels, ainsi qu’une offre importante de conférences, de projets participatifs et d’ateliers pour tous les âges. Défricheuses de nouveaux talents dans les domaines précités, ce lieu unique accorde une place importante aux jeunes, autant comme participants que comme public, et fait figure de centre d’expertise et d’incubateur d’initiatives nouvelles dans l’interface entre la culture et l’éducation ainsi que dans le milieu socioculturel.
 
Toggle intro
TRAFFO > RIDO

D'Zaubermillen

Kreatioun Januar 2015

Rotondes
Erzieltheater a live-Zeechnung
Alter
5-99 ans
Dauer
35’ + 5‘ Gespréich mat den Kënschtlerinnen
Schoulklassen
Cycle 2
Préscolaire
Sprache
Op Lëtzebuergesch

Maximaljauge pro Virstellung: 60 Zuschauer (oder 3 Schoulklassen)

De Spektakel kann a Klassenzëmmeren an a Kulturhaiser spillen. Et gëtt keng technesch Viraussetzungen, alles wat gebraucht gëtt fir d‘Bühn bréngen mir matt.
D’Kanner sollen ob Këssen um Buedem oder ob nidderege Bänke setzen, déi Erwuessen ob Still. Këssen oder Bänken a Still mussen op der Platz zur Verfügung gestallt ginn. De Raum muss zumindest deelweis verdonkelt kënne ginn, fir d’Projektiounen sichtbar ze maachen.

Gréisst vum Raum : 10 x 5 m minimum

LU Muel, Millen, muel, Millen, dréi dech, Mille, muel…
Viru laanger laanger Zäit, souz eng Famill iergendwou an Norwegen an hirem klengen Haischen an hat näischt z’iessen. Do huet de Mann sech op de Wee gemaach, eraus a Schnéi a Wand, fir säi räiche Brudder no enger Klengegkeet fir z’iessen ze froen. Op sengem Wee duerch de Bësch ass en awer beim Däiwel an der Hell gelandt a koum do bei eng Salzmillen… eng Salzmillen, déi säi Liewe verännert huet.
Wierder, Zeechnungen a Musik loossen dës Salzmillen dréinen, muelen, an dréinen a muelen… mä wéi kréie mer se dozou, nees opzehalen?!

Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer | Live- Zeechnung: Florence Weiser | Musik: Florence Kraus | Bühn a Kostüm: Carmen Van Nyvelseel | Produktion: Rotondes

D'Zaubermillen
© Sven Becker

Betsy Dentzer

D’Betsy Dentzer ass no engem Studium vun der Sozialaarbecht an der Belsch op Berlin geplënnert. Do huet si un der „Universität der Künste“ e Master of Arts an der Theaterpädagogik a gläichzäiteg eng Ausbildung am Geschichtenerziele gemaach. Säit Januar 2011 schafft si zu Lëtzebuerg als fräischaffend Erzielerin an Theaterpädagogin.
Si bidd Erzielproduktiounen, -workshops a -stonnen, souwéi Theaterworkshops a - projet’en un. Hier Aarbecht riicht sech souwuel u Kanner a Jugendlecher wéi och un Erwuessener, z.B. am Beräich vun der professioneller Weiderbildung.

Florence Weiser

D’Florence Weiser ass zu Lëtzebuerg obgewuess. No hierem Studium zu Bréissel ob der „ESA Saint-Luc“ an zu Paräis ob der „École des Gobelins“ huet si sech als Illustratrice selbstänneg gemaach.
Haut schafft si gréisstendeels am kulturellen an kënschtleresche Beräich, wéi Jugendliteratur, an der Press oder fir humanitär Organisatiounen. Inspiratioune kritt si durch déi kleng a manner kleng Saachen am Alldag, der Natur, der Musik, dem Kino, dem Reesen. Ausserdeem as si faszinéiert vun Typographie, Luut a Faarwen an deenen verschiddenen Ambiancen déi een domat kreéiere kann.

Florence Kraus

D'Florence Kraus huet niewent senger Formatioun zu Paräis, Jazz a klassesch Musek am Stater Conservatoire studéiert. Si entwërft Decoren fir Theater an Kino, kreéiert Touninstallatiounen a baut eegen Instrumenter aus recycléiertem Material. Bei Lutherie Urbaine schafft si als Geiebauer (Luthier), Animatrice an als Musekerin. Donieft ass si bei Orkestronika (électronique-jazz expérimental) fir Szenografie a Musek zoustänneg an trëtt och als Musekerin bei NEW (comédie musicale improvisée), Grizz-Li et des Nymphoniks Orchestra (fanfares débridés), Round Eleven (onztet de Jazz), Balbazar (groov'n soundpainting) an Urban Sax op.

Contact

Infos et contact pour la diffusion / Infos und Gastspielanfragen:
ontour@rotondes.lu
+352 2662 2007

© Sven Becker